Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 166 Questions parlementaires 05 Mee '20 Gëtt an Alters- a Fleegeheemer fräiwëlleg oder systematesch getest ? Wéi vill vun desen Tester ware positiv ? 05 Mee '20 An 20 Deeg sinn 200 Blomeesen duerch eng Bakterie ëmkomm. Wéi erkläert et sech dass dës Bakterie just fir Blomeesen en déidleche Verlaf kann hunn ? Ass dës Bakterie weder op de Mënsch nach op d’Hausdéieren iwwerdrobar ? 05 Mee '20 Déi nei fräiwëlleg a flächendeckend Tester sollen de Staat 40 Milliounen Euro kaschten. All Investissement vun iwwer 40 Milliounen Euro muss awer duerch e spezifescht Finanzgesetz autoriséiert ginn. Wéi eng Stellung bezitt d’Regierung dozou ? Huet si wëlles esou e Gesetzesprojet ze deposéieren ? 05 Mee '20 Wéi vill ministeriell Aarbechtsgruppen respektiv Kommissiounen sinn am Kampf géint de Covid-19 am Asaz. A wéi gesäit déi personell Zesummesetzung vun dësen Aarbechtsgruppen a Kommissiounen aus? 05 Mee '20 Kënn dir eis méi Detailer ginn zu den “Contrats à durée déterminée” fir d’Gesondheetsberuffer, déi an der Pandemie vum Staat ausgestallt gi sinn? 04 Mee '20 Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnte nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, stellt sech d’Fro ob nom Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees d’Spillplazen opgemaach ginn ? 04 Mee '20 Wéi gesäit et aus mam Remboursement vun de Prêten, déi de Betriber am Kader vun dëser sanitärer Kris akkordéiert goufen? 02 Mee '20 Funktionéiert de Bewässerungssystem um Tram-Tracé momentan net oder aus wéi enge Grënn ass de Gréngsträife plazeweis verdréchent? 02 Mee '20 Am Kader vun de staatlechen Hëllefsmesüren an der Corona-Kris gëtt et vill Duercherneen, Onkloerheeten a Feeler beim Ëmsetzen a Verdeelen vun de finanziellen Hëllefen am private Secteur. 30 Abrëll '20 Wäert wéinst der sanitärer Kris de “Comité de coordination tripartite” aberuff ginn ? 163164165166167168169