Ginn et den Ament gréisser Retarden beim PET-Scan a gëtt envisagéiert een zweete PET-Scan un ze schafen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

De PET-Scan ass e medezinescht Gerät dat den Dokteren dobäi hëlleft verschidde Krankheeten, ë.a.Kriibs ze erkennen. De Patient kritt heibäi eng radioaktiv Substanz gesprëtzt fir Organismen am Kierper siichtbar ze maachen, éier en dann an de Scan geluecht gëtt.

Am Grand-Duché gëtt et just ee PET-Scan am CHL, doduerch sinn eisen Informatiounen no am Moment d’Waardezäite fir e Rendezvous relativ laang.

Des weidere si mir gewuer ginn, datt beim PET-Scan, deen eisen Informatiounen no réischt 1,5 Joer al ass, e gréisseren Update géif ustoen, wouduerch en eng Zäit laang net a Betrib wier.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un déi concernéiert Ministere stellen:

  1. Wéi laang hunn d’Patienten an der Moyenne misste virun der COVID-19 Pandemie op e Rendezvous fir de PET-Scan waarden a wéi laang musse se momentan op e Rendezvous waarden bis eventuell Retarden opgeschafft sinn ?
  2. Wëssend datt eis Populatioun weider wiisst an aus den Erfarungen eraus vun der COVID-19 Krise, wier et net sënnvoll en 2. PET-Scan am Land ze hunn? Eng Etude (Von Schulthess) vun 2011 haat schon drop higewisen datt 1 PET-Scan séier giff un seng Limite stoussen.
  3. Kann d’Regierung d’Informatioune vum Update bestätegen? Wa jo, wéi laang ass de PET-Scan dann hors Service ?
  4. Kann d’Regierung bestätegen datt et Schwieregkeete ginn fir vun der CNS e Remboursement geneemegt ze kréien wa Patiente fir e PET-Scan an d’Ausland ginn?
  5. Wa jo, fir wat?
  6. Falls de PET-Scan duerch den Update sollt länger ausfalen, ginn dann PET-Scanen am Ausland automatesch vun der CNS accordéiert ?

 

 

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                  Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                          Deputéierten

 

Zréck