Gëtt am Ministère un enger Gesetzgebung fir Wunngemeinschafte geschafft?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeginn.

 

Konzept vun de Wunngemeinschafte sinn eng Pist fir méi abordabele Wunnraum op de Marché ze bréngen a gëtt virun allem vun jonke Léit gefrot a genotzt. Reglementatioun vun de Wunngemeinschaften ass awer fir de Moment net ganz kloer.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister riichten:

 

·         Schafft de Minister un enger Gesetzgebung déi de Matbewunner aus enger Wunngemeinschaft Rechtssecherheet assuréiert an am Aklang mat dem ugepasste Gesetz aus dem Joer 2019 iwwert d‘Securitéit, Hygiene a Salubritéit steet?

 

·         Ass de Minister der Meenung datt an enger Wunngemeinschaft eng Bezuchspersoun selwer soll wunnen déi d‘Responsabilitéit an d‘Gestioun vun der Wunneng iwwerhëlt?

 

·         Ass de Minister bereet eng Etude iwwert den Observatoire de l‘Habitat ze maache wéi sech d‘Präisser am Beräich vun der kommerzieller Sous-Locatioun a Co-Locatioun an de vergaangene 5 Joer entwéckelt hunn?

 

·         Ass de Minister der Meenung datt d‘Locatiounspräisser pro Zëmmer an d’Proportioun vun de Gemeinschaftsflächen bei enger kommerzieller Co-Locatioun pro Awunner, net iwwert der Moyenne vun de Loyeren pro m2 déi duerch den Observatoire de l‘Habitat je no Regioun ermëttelt gi sinn, däerf iwwerschreiden?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck