Gëtt et nach eng gezielt Testaktioun op Covid-19 fir Schüler an Enseignanten an ass de Minister bereet fir d’Rentrée méi kleng Klassen z’autoriséieren an de Contingent un ze passen?

Här President,

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister weiderzeleeden.
An der gemeinsamer Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 2446 vum 26. Juni 2020 hunn di betraffe Ministeren net ob meng lescht Fro bezüglech di gezielten Testaktioun bei Schüler an Enseignantë, geäntwert. Ech erlabe mir dowéinst di Fro nees an dësem Kader ze stellen, wëll d’Schüler elo erëm alleguerte beienee geluecht gi sinn, an dës Decisioun esouwuel bei den Elteren, de Schüler, wéi och bei den Enseignantë vill Suergen ausgeléist huet.
An dem Sënn wier et wichteg ze wësse, vu dass jo duerch massiv Testen d’Verbreedung vum Covid-19-Virus signifikant reduzéiert ka ginn:
Ob d’Regierung eng gezielten Testaktioun fir d’Schüler, Studenten an Enseignantë virgesäit, déi elo fir déi lescht Wochen nees zesummekomm sinn?
Wéi a wéini dës Testaktioun organiséiert wäert ginn a wou sech d’Schüler, d‘Studenten an d‘Enseignantë teste loosse kënnen?
Doriwwer eraus geet aus der Modeliséierung vum 20 Juni 2020 kloer ervir, dass di physesch Distanzéierung ee signifikanten Afloss ob d’Verbreedung vum Covid-19-Virus huet. Dës Distanzéierung ass awer schwéier an de grousse Klasse mat ville Schüler anzehalen.
Vu dass d’Schoulorganisatioun am gaangen ass iwwerall am Land organiséiert ze ginn, wier et opportun vum Här Educatiounsminister ze wëssen:
Ob hie bereet wier op de Wee vu méi klenge Klassen ze goe bzw kleng Klassen z’autoriséiere fir esou de Recommandatioune vun der physescher Distanzéierung méi a besser gerecht ze ginn?
Ob hien an deem Kontext och bereet ass d’Contingentsberechnunge fir d’Rentrée unzepassen? Wa Jo- wéi eng? Wann Nee- firwat?

Mat déiwem Respekt
Martine Hansen

Zréck