Questions parlementaires

Firwat gesäit de Landwirtschaftsminister keng direkt Bäihëllefen fir pedagogesch Bauerebetriber vir? Wéini an ënnert wéi engen Konditiounen kënnen d’pedagogesch Bauerebetriber erëm mat hiren Aktivitéiten ufänken?

Firwat kënne Leit mat Inkontinenz déi awer net fleegebedierfteg sinn, net vum “Forfait pour matériel d’incontinence” profitéieren a mussen d’Fraise fir d’Wëndele selwer iwwerhuelen ?

Zanter 1 Mount gëtt op de Chantieren uechter d’ganz Land an och un der neier N3 nees geschafft. Wéi kommen déi 3 verschidde Moduler (Nord / Central a Sud), an déi d’N3 gegliddert ass, virun ?

Beamte vum „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ hunn rezent vill Kontrollen a Coiffer- /Estheticienen-Salonen gemaach an sech dobäi als normal Clienten ausginn. Firwat gëtt op dës Method vu Kontrollen zréckgegraff? Wat war d’Resultat vun de Kontrollen?

Wéini gëtt d’Kommunikatioun vum Ministère mat de Recommandatiounen un d’Altersheemer verdeelt a wéi gesi déi Recommandatiounen am Detail aus ?

Rezent koum et an Lëtzebuerg zu ville “Phishing” Versich, bäi deenen d’Kommunikatioune vu lëtzebuergesche Banken oder LuxTrust imitéiert ginn ass. Sinn hei sensibel Donnéeë geklaut ginn ? Huet LuxTrust an deene leschte Méint hier Dateschutzsystemer verbessert ?

Ginn et vu Säiten vun der Regierung oder vum Minister selwer, kloer Instruktiounen un d’Adress vun de Verwaltungen a Servicer wat d’Handhabung vu Whatsapp oder änleche Messenger-Déngschter ubelangt?

Et ass bestätegt ginn, dass et zu engem Daten-Leak an der Justiz koum. Wéini ass dësen Leak entdeckt ginn ? Huet jiddereen an der Justiz de selwechten Accès ob all Dokumenter esouwuel generell Dokumenter wéi och méi kriddeleg Donnéeën iwwert Leit a Betriber ? 

Luxair flitt vum 29. Mee un erëm. Wéi eng sanitär Mesure gëllen um Flughafen a ginn et EU-Virschrëften ?

Huet d’Regierung den Horesca Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture? Wa jo, wéi eng sinn dës ?