Firwat sinn déi fräiwëlleg Pompjeeën fir hier Organisatiounen a Festivitéiten an de Gemenge net méi verséchert ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert desem Link : 227864

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d´Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Déi vill Amicallen vun den eemolege Pompjeeë suergen duerch hier Organisatiounen a Festivitéiten an de Gemenge fir e wichtege Service um Bierger. Seit de CGDIS säin Déngscht opgeholl huet, sinn déi fräiwëlleg Pompjeeën fir dës Aktivitéiten awer net méi verséchert. Dëst gëtt vun der Fédération nationale des Pompiers du Luxembourg, laut dem Virwuert an hirem Bulletin,  och scho säit zwee Joer gefuerdert, ass bis dato awer nach net ëmgesat ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d´Madamm Ministesch dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, aus wéi enge Grënn sinn do nach keng Ännerunge virgeholl ginn? Sollen hei nach Modifikatiounen um Gesetz geholl ginn?
  • Wa jo, a wéi engem Zäitraum sollen dës Modifikatioune virgeholl ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck