Gedenkt och eis Regierung méi streng Strofen anzeféieren bei Kannermëssbrauch?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Gëschter huet déi däitsch Justizministesch hire Moossnamepak fir d‘Bekämpfung vu sexualiséierter Gewalt géintiwwer Kanner virgestallt.

 

Nieft neie Preventiounsmoossnamen, déi extrem wichteg sinn fir esou Strofdoten ze verhënneren, gouf ganz besonnesch op folgend Punkten higewisen.

 

Um Niveau vun de Strofbestëmmungen:

 

– Et ginn nei Strofdoten betreffend sexualiséiert Gewalt géintiwwer Kanner an d’Strofgesetzbuch ageschriwwen;

 

– D’Strofen ginn och insgesamt an d’Luut gesat, z.B. bei der Verbreedung, dem Besëtz oder dem Beschafen vu kannerpornografeschem Material:

 

– fir Verbreedung vu sou Material ass z.B. ugeduecht d’Strofmooss vun aktuell 3 Méint bis 5 Joer op 1 Joer bis 10 Joren unzehiewen;

 

– fir de Besëtz oder d‘Beschafen dovun geet de Fräiheetsentzuch vun aktuell bis zu 3 Joer op 1 bis 5 Joer an d’Luut,

 

– geschitt d’Verbreeden am Kader vun enger Band oder gewerbsméisseg dann ass eng maximal Strof vu 15 Joer virgesinn.

 

Um Niveau vun der Strofverfolgung:

 

D’Mëttelen fir d’Strofverfolgung ginn och méi effektiv gestalt. Sou ass et den Ermëttler an d’Zukunft méiglech am Fall vum Beschafen vu kannerpornografeschem Material, Telekommunikatiounsmëttelen, inklusiv Messenger-Déngschter wéi Whatsapp a Co. ze iwwerwaachen. Bei schwéierer sexualiséierter Gewalt géint Kanner oder am Fall vu der Verbreedung vu kannerpornographeschem Material kann och eng Onlineduerchsichung ordonéiert ginn.

 

Opgrond vun all deenen Informatiounen, wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Wéi bewäert d’Madamm Ministesch dëse Virstouss vun hirer däitscher Homologin?

 

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass een net och zu Lëtzebuerg de gesetzleche Kader misst adaptéieren fir méi adequat Strofbestëmmungen anzeféieren, respektiv d’Strofverfolgung méi effikass ze gestalten?

 

  • A wéi fern wäichen déi ugeduechten nei däitsch Strofbestëmmungen vun eisen aktuelle Strofbestëmmungen of?

 

  • A wéi enge Fäll hunn eis Ermëttlungsautoritéiten d’Méiglechkeet, Kommunikatiounskanäl, wéi Whatsapp an änlecher, „ofzelauschteren“?

 

  • Sinn d’Ermëttlungsautoritéiten, vum technesche Standpunkt hir, gutt genuch opgestallt fir sou Strofdoten effikass ze poursuivéieren?

 

Mat déifstem Respekt,

Nancy Arendt
Deputéiert

Zréck