D’Dauer vum Isolement am Fall vun enger positiver COVID-19 Diagnose ass op 10 Deeg fixéiert. Firwat ass net präziséiert vu wéi engem Dag un gezielt gëtt ? Firwat gëtt dat vu Fall zu Fall gekuckt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden. 

Déi lescht Mouture vum COVID-19 Gesetz vum 23. September 2020 huet d’Dauer vum Isolement am Fall vun enger positiver COVID-19 Diagnose op 10 Deeg fixéiert. Allerdéngs ass net präziséiert vu wéi engem Dag un gezielt gëtt. Eisen Informatiounen no gëtt dat vu Fall zu Fall gekuckt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister des Informatioune confirméieren?
  2. Wa jo, deelt si d’Meenung datt eng eenheetlech Reegelung besser wier?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

   

Martine Hansen   Claude Wiseler

Deputéiert              Deputéierten

Zréck