Wéi vill Leit waren vun engem informateschen Feeler beim Service des Aides au Logement betraff a kruten falsch Simulatiounen erstallt ? Ass probéiert ginn mat de betraffene Leit eng Léisung ze fannen ? 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeginn.

 

Präisser um Immobiliëmarché sinn an de läschte Joren sou séier geklommen dass mannerbemëttelt Leit sech um 1. Wunnengsmaart keng Wunneng méi kenne leeschten an sech dohier ëmmer méi un déi ëffentlech Bauträger wenden.

 

Op eng Persoun oder Famill a Fro kennt fir eng subventionnéiert Wunneng zb bei der SNHBM ze kafen mussen verschidden Konditioune erfëllt ginn sou ënnert anerem, dass een vu verschiddenen Bäihëllefen vun den Aides au Logement profitéiert, virunallem vun der Prime de Constructioun. De Service des Aides au Logement vum Wunnengsbauministère ass eleng kompetent fir ze kucken, op eng Persoun eligibel ass fir des Prime de Constructioun ze kréien. Déi interesséiert Leit kennen dofir am Virfeld vun eng méigleche Kaf eng Simulatioun beim Service des Aides au Logement maache loossen fir ze kucken op se eligibel fir Primm sinn oder net. Opgrond vun dëser Simulatiounen kann dann een Dossier fir eng subventionnéiert Wunneng ze kafen ,agereecht an erstallt ginn

 

Laut mengen Informatiounen sinn opgrond vun engem informateschen Bug also engem Feeler am informateschen System deen anscheinend Säit Joren present war, an der Vergaangenheet falsch Simulatioun erstallt ginn, mat der Konsequenz dass Leit bei der definitiver Demande gewuer gi sinn dass se awer keen Urecht méi op eng Prime de Constructioun hätten.

 

Doduerch huet anscheinend de Finanzéierungsplang vu verschiddene Leit bei der Acquisitioun mat engem ëffentleche Baupromoteur mussen ugepasst ginn, de potenzielle Keefer muss esou méi Suen opbréngen, respektiv huet säi Krediet deementspriechend mussen ugepasst ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister riichten.

 

  • Sinn dem Här Minister des Informatiounen bekannt ?
  • Wéi vill Leit waren duerch dësen Informateschen Feeler beim Service des Aides au Logement betraff a kruten falsch Simulatiounen erstallt ?
  • Ass probéiert ginn mat de betraffene Leit eng Léisung ze fannen ? Wa jo , wat waren Léisungen? Wa nee, firwat net?
  • Kruten Leit duerch den informatesche Feeler Primmen accordéiert déi se eigentlech net ze gutt hätten ? Wa jo wei héich ass dëse Montant?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck