Bis Enn 2025 muss 50% vum Plastiksoffall recycléiert ginn. Wéi eng konkret Mesurë gesäit d’Regierung ze huele fir d’Verhale vun de Konsumenten ze änneren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Recyclage vu Verpackungs-Offäll aus Plastik un d’Madamm Ëmweltministesch, weider ze leeden.

D’europäesch an d’lëtzebuergesch Gesetzgebunge gesi vir, dass bis Enn 2025 50% vum Plastiksoffall muss recycléiert ginn. Fir dës Quoten ze erreeche kënnt ee laut Experten net dolaanscht fir méi verschidde Plastiksproduiten ze sammelen an ze recycléieren. Sou kéint een zum Beispill zousätzlech zu dem schonns gesammelte Verpackungs-Offäll aus Plastik och weider Produite wéi Barquetten, Folien, Tuten oder Plastiksbechere mëttels der bloer Tut sammelen a bei de Stéit doheem ewech huelen.

Schonns am Januar 2019 huet Valorlux dofir eng nei Sortéieranlag hei am Land beoptragt, di justement kann all déi betraffe Verpackungs-Offäll aus Plastik propper trennen, wat och an zwee Pilotprojeten an zesumme mëttlerweil 48 Gemenge bestätegt ginn ass, a wat wichteg fir de weidere Recyclage ass. Domadder huet sech Valorlux d’Kapazitéit gi fir bal all déi verschidde Verpackungs-Offäll aus Plastik (PET, PS, PE, PP, PE-HD) aus ganz Lëtzebuerg ze sammelen an ze sortéieren, fir dat se och kënne recycléiert ginn.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N° 2355 ass d’Madamm Ministesch op puer Froen dozou agaangen an se huet z.B. gesot, dass den Haapt-Fokus  aus der Siicht vun der Regierung weider op der Vermeidung vu Plastik géif leien an ee wëllt  an deem Zesummenhang och besonnesch Recyclingszentere weider stäerken. An engem rezente Reportage op RTL Télé huet d’Ministesch déi Aussoen nach eemol confirméiert.

Aussoe vun Experten an deem selwechte Reportage no kann deen an de Recyclingszentere gesammelte Verpackungs-Offall awer zu engem groussen Deel net direkt recycléiert gi, well ze vill Zorte matenee vermëscht sinn a weder vun de Leit, déi et selwer mussen uliwweren, nach vum Personal vun de Recyclingszenteren ausernee gehale kënne ginn. Dat kann nëmme maschinell gemaach ginn. Déi Quantitéite mussen also dono opwänneg nosortéiert ginn oder, wann dat net méi geet, verbrannt ginn.

Dat alles stéing am Géigesaz zu de Verpackungs-Offäll aus der bloer Tut, déi direkt maschinell sortéiert ginn a wou déi ganz Logistik bedeitend méi einfach a performant wier. Domadder wär d’Haus zu Haus Sammlung vill méi effikass a bëlleg, sinn ass souwisou och fir d´Leit doheem vill méi kamoud. Och hätten d’Recyclingszenteren net néidegerweis  di Kapazitéite fir déi grouss Quantitéiten déi vun de Leit eenzel ugeliwwert ginn an déi mussen zesumme komme fir d´Quoten z´erfëllen, ze bewältegen.

Weider ginn d’Experten op Basis vun de Resultater vun der landeswäiter Rescht-Offall-Analys vun 2019, déi vun der Ëmweltverwaltung beoptragt ginn ass, dovunner aus, dass doduerch dass net all déi ugeschwate Verpackungs-Offäll iwwert d´blo Tut däerfe gesammelt ginn, een net klengen Deel dovun dann an der groer Poubelle lant a verbrannt gëtt, wat zu zousätzlechen, héije  Käschte  pro Joer féiert, déi vun de Leit mussen iwwert hier Offall-Taxe bezuelt ginn.

Och wann d’Vermeidung vun Offall laangfristeg onbedéngt di richteg Approche ass, sou sollt een, mengen ech, awer och versiche méi kuerzfristeg ökologesch a wirtschaftlech sënnvoll Entscheedungen am Sënn vu Mënsch an Ëmwelt ze treffen an dat ze notzen, wat et souwisou scho gëtt a wou mir wëssen, dat et fonctionéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Ministesch di positiv Tëscheresultater di vun den Experte bezüglech dem zweete Pilotprojet (deen zanter Dezember 2019 leeft) kommunizéiert goufen, bestätegen?
  2. Huet d’Ministesch Kenntnis iwwert d‘Resultater vun enger Etüd am Optrag vu Valorlux, wouno 84% vun de Verpackungs-Offäll aus der bloer Tut no der automatescher Zortéierung an der Anlag kënne recycléiert ginn, datt awer nëmmen 22% vun de Verpackungs-Offäll aus der Sammlung aus z.B. engem Recyclingspark direkt recycléiert kënne ginn?
  3. Wann jo, wéi a wéini gedenkt d’Ministesch op des Erkenntnisser ze reagéieren? Sollt een net zum Beispill an Zukunft bei de Verpackungs-Offäll méi staark op di noweislech méi effikass Haus-zu-Haus Sammlung, a Form vun der bloer Tut setzen anstatt weiderhin d´Leit mat all deene klenge Verpackungen onbedéngt op d´Recyclingsparken, wou dann och nach dacks di neidesch Kapazitéit feelt, z´orientéieren?
  4. Kann d’Ministesch di zousätzlech Käschten also déi Duebel-Belaaschtung fir d´Leit confirméieren, di duerch Verpackungs-Offäll déi an der groer Poubelle  landen awer potenziell kéinte getrennt gesammelt a  recycléiert ginn, entstinn?
  5. Wéi eng konkret Mesurë gesäit d’Regierung ze huele fir d’Verhale vun de Konsumenten ze änneren?
  6. Gesäit d’Regierung an deem Zesummenhang fir,  laangfristeg och weider Materialien, wéi d´Kaffiskapselen, därer, der landeswäiter Rescht-Offall-Analys vun 2019 no, ëmmer méi am Offall sinn, dem Recycling zouzeféieren?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck