Questions parlementaires

Wéi steet et mat de Kritäre vun der Unerkennung vum Diplom vun den Osteopathen ?

Wéi gesäit de Bilan vun den Ipad-Klassen aus a wéi ka sécher gestallt ginn, dass d’Schüler, wann se wiesselen, och ee Recht op hir digital Schouldossieren hunn ?

No wéi enge Kritèren ginn Daten an de Police-Fichieren gespäichert ? Kann de Minister de Bericht aus dem Tageblatt konfirméieren, deemno et “erstaunlech Virgäng” an deene Fichiere ginn ?

Statistike vum LISER : Kommen erëm trimestriell Zuelen a wéini ginn Donneeën “à jour” gesat ?

D'Äntwert fannt Dir hei

D’Gemenge sinn ee wichtegen Acteur fir d‘Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ze léisen a vill vun hinne sinn och bereet Verantwortung ze iwwerhuelen. Sou stellen sie zum Beispill den ëffentleche Bauträger, wéi dem Fonds du Logement oder der SNHBM Terrain‘en zur Verfügung fir sozialen an abordabele Wunnengsraum ze schafen.

Eisen Informatiounen waren a verschiddene Schoulen an der Grondschoul eenzel Klassen a verschiddene Fächer ouni Titulaire. Et waren allerdéngs Chargéë disponibel.

Gi Leit vum Kontrolldokter vun der CNS net ëmmer bei de Spezialist vun hirer Pathologie geschéckt a firwat gi Leit, déi mam Accord vun der CNS am Ausland behandelt ginn, bei de Kontrolldokter bestallt ?

D'Äntwert fannt Dir hei

De Radio 100,7 huet an engem längere Reportage op méiglecherweis illegal Aarbechten an engem Bësch (zum Deel Natura 2000 Zone an ugrenzend un en Naturreservat) tëschent Rëmeleng an Téiteng higewisen.

Gëtt den Transport mam Taxi an de Reha-Zenter oder eng Reha-Statioun fir Geriatrie oder Kardiologie vun engem Spidol héchstens fir 20 Behandlungsdeeg vun der Gesondheetskeess (CNS) iwwerholl?

Wou ass de Projet “Contournement Housen” drun? Am Regierungsprogramm 2018-2023 ass d’Prioritéit vum Contournement Housen vun 2 op 1 gesat.

D'Äntwert fannt Dir hei