Ier de nationalen Energie- a Klimaplang am Laf vum éischten Trimester soll op Bréissel geschéckt ginn soll nach eng Consultation publique organiséiert ginn. Wou ass déi Consultation publique drunn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum nationalen Energie- a Klimaplang un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Déi final Versioun vum nationalen Energie- a Klimaplang sollt bis zum Ënn vum Joer 2019 bei der Europäescher Kommissioun agereecht ginn. De Plang ass allerdéngs réischt am Dezember am Plenum vun der Chamber diskutéiert ginn. An der Kommissiounssëtzung vum 17. Dezember 2019 huet d’Madamm Minister erkläert, am Januar nach wëllen eng Consultation publique z’organiséiere befiert de Plang am Laf vum éischten Trimester soll op Bréissel geschéckt ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Huet d’Consultation publique schonn ugefaangen ?
  • Wann jo – ënnert wéi enger Form? Wéi sollen d’Resultater mat an de nationalen Energie- a Klimaplang afléissen?
  • Wann nee, firwat huet d’Consultation publique nach net stattfonnt ? Ënnert wéi enger Form ass dës Consultatioun geplangt?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                Claude Wiseler

Deputéiert                                                       Deputéierten

Zréck