D’Ausbildung vum Rettungsassistenten (RettAss) erlaabt et de Sekuristen an de Nopeschlänner fir an Noutfäll medezinesch Agrëffer virzehuelen. Wéi ass d’Formatioun an d’Funktioun vum Rettungsassistent hei zu Lëtzebuerg geregelt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

D’Ausbildung vum Rettungsassistenten (RettAss) erlaabt et de Sekuristen an de Nopeschlänner fir an Noutfäll medezinesch Agrëffer virzehuelen. Och hei am Land kéinten, an Zäite vun engem Mangel u medezineschem Personal, Leit mat dëser Ausbildung eng grouss Hëllef an Noutsituatiounen duerstellen. Laut eisen Informatiounen dierfe Rettungsassistenten hei am Land, am Géigesaz zum Ausland, keng medezinesch Akten duerchféieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Wéi vill Persounen hunn hei am Land dës Formatioun ofgeschloss?
  • Gëtt dës Formatioun promouvéiert? Wann jo – Wéi? Wann nee – firwat net?
  • Däerfe Sekuriste mat der Ausbildung zum Rettungsassistent déi selwescht medezinesch Akten maachen wéi an eise Nopeschlänner ? Wann jo – wéi eng? Wann nee – firwat net? Gedenkt d’Madamm Minister dës Situatioun ze änneren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                Emile Eicher

Deputéiert                                                       Deputéierten

Zréck