Questions parlementaires

An 20 Deeg sinn 200 Blomeesen duerch eng Bakterie ëmkomm. Wéi erkläert et sech dass dës Bakterie just fir Blomeesen en déidleche Verlaf kann hunn ? Ass dës Bakterie weder op de Mënsch nach op d’Hausdéieren iwwerdrobar ?

Déi nei fräiwëlleg a flächendeckend Tester sollen de Staat 40 Milliounen Euro kaschten. All Investissement vun iwwer 40 Milliounen Euro muss awer duerch e spezifescht Finanzgesetz autoriséiert ginn. Wéi eng Stellung bezitt d’Regierung dozou ? Huet si wëlles esou e Gesetzesprojet ze deposéieren ?

Wéi vill ministeriell Aarbechtsgruppen respektiv Kommissiounen sinn am Kampf géint de Covid-19 am Asaz. A wéi gesäit déi personell Zesummesetzung vun dësen Aarbechtsgruppen a Kommissiounen aus?

Kënn dir eis méi Detailer ginn zu den “Contrats à durée déterminée” fir d’Gesondheetsberuffer, déi an der Pandemie vum Staat ausgestallt gi sinn? 

Nodeems datt Kanner bei eis am Land wéinst dem Confinement och wochelaang net hirem Spill- a Beweegungsdrang konnte nokommen, wat op Dauer zu sozialen a gesondheetleche Problemer ka féieren, stellt sech d’Fro ob nom Ophuele vum Schoulbetrib am Enseignement fondamental och nees d’Spillplazen opgemaach ginn ?

Wéi gesäit et aus mam Remboursement vun de Prêten, déi de Betriber am Kader vun dëser sanitärer Kris akkordéiert goufen?

Funktionéiert de Bewässerungssystem um Tram-Tracé momentan net oder aus wéi enge Grënn ass de Gréngsträife plazeweis verdréchent?

Am Kader vun de staatlechen Hëllefsmesüren an der Corona-Kris gëtt et vill Duercherneen, Onkloerheeten a Feeler beim Ëmsetzen a Verdeelen vun de finanziellen Hëllefen am private Secteur.

Wäert wéinst der sanitärer Kris de “Comité de coordination tripartite” aberuff ginn ?

Kann een wärend der Kris d’TVA fir Protektiounsmaterial vun 17 % op 3 % erofsetzen ?