Hunn d’Federatioune kloer Consigne wéi Kompetitioune mat Zuschauer organiséiert kënne ginn?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.
An de leschte Wochen hu lues a lues an de verschiddene Sportaarte rëm d’Competitiounen an d’Championnater ugefaangen. Fir am Fall vun Infektiounen en Traçage vun de Leit kënnen ze maachen, mussen d’Supporter déi Matcher a Competitioune kucke kommen, sech umellen an hir Donnéeën hannerloossen, fir am Fall vun engem Kontakt mat engem COVID-19 Positive kontaktéiert kënnen ze ginn.
An dësem Kontext géif ech gären der Regierung folgend Froe stellen:
Huet de Sportministere de Federatioune Consignë gi wéi d’Organisatioun vun de Competitioune mat Zuschauer kënnen organiséiert ginn ?
Ass garantéiert datt déi gesammelt Donnéeë vun den Zuschauer no enger gewësser Zäit rëm zerstéiert ginn? Wa jo, wat sinn hei d’Consignen un d’Veräiner?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Georges Mischo
Deputéierten

Zréck