Wéi gëtt d’Fleegepersonal getest a wéi ka garantéiert ginn, dass vulnerabel Leit net ugestach ginn, wann d’Personal trotz Quarantän bei Engpäss dierft schaffe goen?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.
Am dësen Deeg, wou d’Infektiounszuelen erëm klammen, ass et wichteg, datt mir eis vulnerabel Leit schützen, och déi an den Alters- a Fleegeinfrastrukturen, ouni datt et erëm esou wäit komme soll, datt si mussen isoléiert gi vun hirer Famill an hire Frënn.
Eisen Informatiounen no gëtt weder dat administratiivt Personal nach d’Fleegepersonal vun den Ariichtunge reegelméisseg iwwer de Large Scale Testing (LST) getest an et ass un den eenzelen Träger sech selwer ze organiséieren.
An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Regierung stellen:
Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir?
Fir wat ginn déi eenzel Haiser net reegelméisseg vun de mobillen Testunitéiten, déi an der 2. Phase vum LST virgesi sinn, getest?
Am Sënn vun engem maximale Schutz vun de vulnerabele Leit, wat sinn d’Quarantänn-Consignë fir d‘Personal vun den Alters- a Fleegeinstitutiounen?
D’Madamm Minister huet deklaréiert datt d’Santésdirektioun eng Prozedur virgesinn huet fir de Gesondheetsberuffer an de Spideeler an an de Maisons de soins am Fall vun Enkpäss eng Autorisatioun ze ginn, trotz Quarantaine dierfe schaffen ze goen. Wéi soll an dësem Fall garantéiert ginn datt trotz dësem erhéichte Risiko keng vulnerabel Leit ugestach ginn?
Ginn d’Generalisten uechter d’Land, déi an hire Praxissen och vill eeler a vulnerabel Leit betreien, informéiert wann et an hirer Géigend verstäerkt zu Infektioune kënnt, fir datt si d’Sécherheetsmesure kënnen eropschrauwen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Zréck