Massivt Klamme vum Tubakskonsum bei Jonken.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Laut enger aktueller Enquête vun der Fondation Cancer an TNS Ilres ass d’Zuel vun de Fëmmerten hei zu Lëtzebuerg extrem eropgaangen. Wärend 2018 21% vun den Lëtzebuerger/innen gefëmmt hätten, wier dëse Prozentsaz op 27% geklommen vir d’Joer 2019. 37% vun den 18- bis 24-Järegen hätten 2019 gefëmmt, den Tubakskonsum bei de Jonken wier an deem Sënn besonnesch héich. Wat d’Shishafëmmen ubelaangt wieren d’Zuelen ebenfalls alarméierend, esou fëmmt ee vu 4 tëscht 16 a 24 Joer d‘Wasserpaif, a bei den 25- bis 34-Jährigen wier de Konsum och em 33% eropgaangen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat gedenkt d‘Regierung ze machen fir géint déi extrem Hausse vum Tubakskonsum unzekämpfen an esou zemools déi Jonk Leit ze schützen?
  • Au vue vun dësen alarmanten Resultater wat den Zigaretten- an Shishakonsum, zemools bei deenen Jonken ugeet, ewéi déi aktuell Enquête vun der Fondation Cancer an TNS Ilres demonstréiert, wéieng Mesuren envisagéiert d’Regierung ze huelen vir dëser Hausse entgéint ze wierken?
  • Feststellend dass d’Regierung an hirer Äntwert ob meng parlementaresch Fro n° 2710, ob d’Regierung weider Mesuren géing envisagéieren vir d’Hausse vum Fëmmertensaz, notamment bei deenen Jonken ze stoppen, matgedeelt huet datt vir den Ament kéng weider Mesuren virgesi ginn. Fënnt d’Regierung net, datt een elo awer misst u weider Mesuren denken, fir datt déi nächst Enquête vum Joer 2020 net erëm eng alarméierend Hausse bei den Tubaks- a Shisha Fëmmerten uweist ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck