Wéi vill Kanner hunn, am Kader vun der Summer School 2020, un den Appuiskueren deelgeholl? Fir déi Kanner déi schoulesch Retarden opweisen, accordéiert d’Regierung zousätzlecht Personal vir zousätzlech Appuiskueren ze organiséieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Um Enn vun der grousser Vakanz hunn dëst Joer op Grond vun der Corona Pandemie net nëmmen Appuiskueren vir d’Schüler aus dem Enseignement Secondaire statt fonnt mee och  vir déi aus dem Fondamental. D’Summer School 2020 soll déi Schüler ënnerstëtzen déi schoulesch Retarden opweisen an hinnen erméiglechen dat nozehuelen, dat se duerch de Confinement an der Schoul verpasst hunn.

Aus dëse Grënn wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Am Kader vun der Summer School 2020, wéi vill Kanner ware vun den Enseignant’en proposéiert ginn sech an dës Appuiskueren anzeschreiwen?
  • Wéi vill Prozent vun den proposéierten Kanner hunn tatsächlech un den Appuiskueren deelgeholl?
  • Wéi vill Kanner hunn am ganzen un den Appuiskueren deelgeholl?
  • Fir déi Kanner déi schoulesch Retarden opweisen, accordéiert d’Regierung zousätzlecht Personal vir zousätzlech Appuiskueren ze organiséieren?
  • Wann net, wéi sollen dës Retarden opgeschafft ginn?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                         Françoise Hetto

Deputéiert

Zréck