Questions parlementaires

Stëmmt d´Positioun vun der Partei “déi Gréng” mat der Regierung hirer iwwert eneen, wat d’Deele vu Steierrecettë mat de Nopeschregiounen ugeet ?

Ass d’Regierung bereet d’Méiglechkeet vun enger Derogatioun virzegesi fir datt och Entreprisen déi vun den temporär Mesuren am Kader vun der COVID-19 Krise profitéieren, dierfen un ëffentlechen Ausschreiwungen Deel huelen ?

Spëtzesportler duerfen ënner strenge Sécherheetsbestëmmungen erëm an der Coque trainéieren. Ween gëtt als Spëtzesportler consideréiert a sinn des Sportler all am Virfeld op de Covid-19 Virus getest ginn?

Schüler aus dem Lycée technique pour professions de santé (LTPS) schaffen temporär wärend der COVID-19 Crise. Dofir kruten si ee CDD vum Staat. Nom 11. Mee sollen se weiderschaffen awer net ënner Form vun engem CDD mä anscheinend just nach am Kader vun engem Praktikum an dat ouni Bezuelung. Stemmen des Informatiounen?

Mam Asetzen vum Confinement Mëtt Mäerz hu vill Geschäfter mam Hiweis op méiglech Strofen vu Polizisten gerode kritt hir Dieren zouzemaachen. Dës Betriber staunen haut net schlecht, wann hir Demande op eng Indemnitéit vun de staatlecher Servisser ofgewise gëtt, mam Hiweis si wieren net obligéiert gewierscht zouzemaachen. Wéi wëllt d’Regierung dëse Betriber lo entgéint kommen?

Den 9. Abrëll ass déi sougenannte CON-VINCE Etude lancéiert ginn déi virgesäit datt 1.500 Awunner aus dem Grand-Duché sollen op Anticorps géint de COVID-19 Virus getest ginn. Eisen Informatiounen no hunn déi Leit déi bis elo bei der Etüd matgemaach hu gesot kritt si géifen informéiert ob si immun géint de COVID-19 Virus wieren oder net. Gouf des Prozedur agehalen?

An enger Pressematdeelung vum 24. Abrëll 2020 huet et vu Säiten vun der LuxairGroup geheescht, dass hiren aktuellen Generaldirekter den 1. Juni 2020 a Pensioun géif goen. 10 Deeg drop gouf du schonn den neien Generaldirekter proposéiert. Well de Lëtzebuerger Staat bal 40% vum Kapital vun deem Grupp hält a well se eiser Meenung no vun nationalem Interessi ass, stellen sech eng ganz Partie Froen.

“Intelligente Patron sollt Salariéën no der Kris Congé akkordéieren” seet de Wirtschaftsminister. Ass dat kompatibel mat enger Strategie vu Relance?

Wat ënnerhëlt d’Regierung fir datt de Grand-Duché fir europäesch Institutiounen attraktiv bleiwe soll ?

Gëtt an Alters- a Fleegeheemer fräiwëlleg oder systematesch getest ? Wéi vill vun desen Tester ware positiv ?