Ass de Minister gewëllt en Halt zu Méchela op der Nordstreck vun der CFL anzeplangen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Wéinst Aarbechte besteet op der Gare Ettelbréck e Parkverbuet bis Mäerz 2021. Gläichzäiteg besteet eng Parkméiglechkeet zu Méchela wou de Parking elo geschwënn fäerdeg gëtt. Allerdéngs hält nëmmen een Zuch an der Stonn zu Méchela.

An dësem Kontext, a wëssend datt déi concernéiert Zich just eng gutt Minutt Zäit géife verléieren, géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass de Minister gewëllt en Halt zu Méchela op der Nordstreck vun der CFL anzeplangen ?
  • Wann net, aus wéi enge Grënn?
  • Kann de Minister eng Alternative proposéieren zu de feelende Parkplazen zu Ettelbréck?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                Marco Schank

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck