Sinn Schnelltester als Ergänzung zu de PCR-Tester sënnvoll?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet rezent matgedeelt datt si op Corona-Schnelltester setzt fir d’Pandemie an den aarme Länner ze bekämpfen. Déi sougenannten Antigen-Tester solle fir 133 Länner mat klengen a mëttleren Akommes zur Verfügung gestallt gi fir op deene Platze wou d’PCR-Tester am Labo just schwéier méiglech sinn, de Virus nozeweisen.

Generell gesäit d’WHO dës Schnelltester als sënnvoll Ergänzung zu de PCR-Tester, zemools wann et drëm geet d’Infektiounskette ronderëm een nogewisene Fall aus engem PCR-Test ze retracéieren.

Den Direkter vun der Santé huet sengersäits Ufank der Woch deklaréiert datt dës Schnelltester nach net zouverlässeg genuch wieren an datt dowéinst nach net viraus ze soe wier wéini se kéinten agesat ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi erkläert d’Madamm Gesondheetsminister sech dës ënnerschiddlech Aussoen?
  • Deelt d’Regierung d’Positioun vum Direkter vun der Santé?
  • Wieren esou Schnelltester als Ergänzung zu de PCR-Tester net awer sënnvoll?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Claude Wiseler

Deputéierten

Zréck