Iwwert de Wee vu Konventiounen ënnerstëtzt de Ministère Gemengen, ëffentlech Promoteuren an aner Acteure beim Schafe vun néiem abordable Wunnraum. Wéi vill Konventiounen huet de Ministère zanter Ufank vun dëser Legislaturperiod mat de Gemengen, ëffentlech Promoteure an aneren Acteuren ënnerschriwwen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeginn.

Iwwert de Wee vu Konventiounen ënnerstëtzt de Ministère Gemengen, ëffentlech Promoteuren an aner Acteure beim Schafe vun néiem abordable Wunnraum.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister riichten.

  • Wéi vill Konventiounen huet de Ministère zanter Ufank vun dëser Legislaturperiod mat de Gemengen, ëffentlech Promoteure an aneren Acteuren ënnerschriwwen ?
  • Mat wiem genau sinn dës Konventiounen ënnerschriwwe ginn ?
  • Wéi vill Wunnengen a wéi eng Zort vu Wunnengen (Verkaf, Locatioun, Studentewunnengen etc) sollen am Kader vun all eenzeler Konventioun geschaafe ginn ?
  • Wat sinn am Fall vun engem Verkaf, déi genau Konditiounen déi an der jeeweileger Konventioun festgehale ginn (zb Dauer vum Bail emphytéotique, Dauer vum Virkafsrecht etc) ?
  • Wat ass Dauer wou d‘Wunneng déi verlount soll ginn am Stock vum Promoteur, Gemeng oder aneren Acteur muss bleiwen, also net dierf verkaf ginn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck