Wat ass säit Februar konkret geschitt fir d’Delaie fir e Rendezvous an der Mammographie ze verkierzen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister wieder ze leeden.

Am Februar hat d’Madamm Gesondheetsminister erkläert datt d’Organisatioun vun der Radiologie an den eenzele Spideeler adaptéiert gi wier, fir d’Delaie fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien, substantiell ze reduzéieren.

Et muss een awer feststellen datt et bis elo keng Verbesserung gouf. Am Centre Hospitalier du Nord kritt een z.B. aktuell scho kee Rendezvous méi fir eng Mammographie bis Ufank kommende Jores.

Wëssend datt och wärend der COVID-Pandemie wichteg Ënnersichunge musse garantéiert sinn, géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Wat ass säit Februar konkret geschitt fir d’Delaie fir e Rendezvous an der Mammographie ze verkierzen?
  • Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt eng Rei wichteg Preventiounsënnersichungen net dierfen ënnert der aktueller Pandemie leiden?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck