Questions parlementaires

Wéi gedenkt d’Regierung den Interim ze reforméieren ? Ass et méiglech e CDI vir Travail interimaire anzeféieren ?

Wat gëllt, d’Simulatioune vun der Uni oder d’Ausso vum Bildungsminister ? Huet d’Zesummeleeë vun de Klassen elo e staarken Afloss op d’Verbreedung vum Virus oder net ?

Gëtt et momentan e Problem bei der Versuergung mat Impfstoffer wat Kannerdokteren ugeet ? Wa jo, wourop ass dat zréck ze féieren a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir datt et an Zukunft net méi zu esou Enkpäss kënnt ?

Wéi hunn déi Lycéeën reagéiert an deene Schüler positiv getest goufen ? Sinn dës Schüler an Isolatioun a wéi huet d’Prozedur fir dëse Schüler hir Klassenkolleegen ausgesinn ?

“Restart Sports”. Wéini ginn d’Hëllefen ausbezuelt a wat geschitt duerno mat den Donneën (Bilan) déi d’Veräiner era reeche mussen?

Subsid fir Velo a Pedelec : Firwat kënnen d’Betriber net dovunner profitéieren ?

Muss d’Schoul sech un déi gesetzlech Konditiounen halen an eng Maskeflicht fir Kanner vun iwwer 6 Joer aféieren ?

Wéini kënnen Alters- a Fleegeheimer rëm Visitten an den individuelle Kummeren fir all d’Residenten erlaben ?

Et gëtt an der Regierung iwwert e néie Lycée transfrontalier fir d’Karriären an der Santé diskutéiert. Fir wéi eng exakt Beruffer wäerten d’Leit hei forméiert ginn ? Wéi wichteg wäert lëtzebuergescher Sprooch an dësem Lycée sinn ?

Wéi wäit ass de Minister mat der Reform vum “chèque-service accueil” (CSA)?