Am Kader vum Verbuet vun der Klappjuegd : Wéi definéiert d’Regierung d’Fräizäitaktivitéiten obschonn d’Juegd dem Gesetz no een “intérêt général” huet ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung an un d‘Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Wéi d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung  an hirer Äntwert op déi drénglech parlamentaresch Fro mat der Nummer 3210 nach emol betount, ass aus hirer Siicht d’Juegd eng „activité récréative“. Och wann, wéi si selwer seet, d’Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 am Artikel 2 seet: „L’exercice de la chasse doit répondre à l’intérêt général.“ Si verweist an hirer Äntwert och op de Kommentar vum genannten Artikel am Gesetz.

D’Lëtzebuerger Jeeërfederatioun FSHCL bedauert hirersäits an engem Communiqué vum 28. November 2020, datt d’Madamm Minister un hirer „fixer Iddi“ vum Verbuet vun der Klappjuegd bis de 15. Dezember festhält.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

1.      No wéi engen objektive Krittären definéiert d’Regierung d’Fräizäitaktivitéiten no Artikel 3 sexies vum modifizéierte Covid-Gesetz ? Wat gehéiert der Regierung no zu de Fräizäitaktivitéiten? Ass eng entspriechend Oplëschtung disponibel?

 

2.      Laut Artikel 2 vum Juegdgesetz vun 2011 verfollegt d‘Juegd een „intérêt général“ an dëst am Géigesaz zu engem „intérêt particulier“. Op wéi enger Basis huet d‘Madamm Minister fir Ëmwelt trotzdeem decidéiert, datt d‘Juegd eng Fräizäitaktivitéit wär? Deelt d‘Madamm Gesondheetsministesch dës Vue ?

 

3.      Laut Artikel 1 vum modifizéierte Covid-Gesetz vum 17. Juli ass ee „rassemblement“ eng „réunion de personnes dans un même lieu sur la voie publique, dans un lieu accessible au public ou dans un lieu privé“. No wéi enge Krittären definéiert d’Regierung d’Aktivitéiten, déi ënnert déi allgemeng Bestëmmungen vun de Rassemblementer falen ?

 

4.      Wéinst wéi engen objektive Grënn kann déi bestoend Reegel vun de Rassemblementer net fir d’Klappjuegd am Sënn vum Artikel 4 (3) vum modifizéierte Covid-Gesetz vum 17. Juli mat also enger Maskeflicht bei Rassemblementer tëschent 4 an 10 Leit mat zousätzlech enger physescher Distanz vun 2 Meter ugewannt ginn?

 

5.      Laut eisen Informatiounen huet d’Jeeërfederatioun der Regierung ee Konzept op Basis vu Modeller aus dem Ausland ënnerbreet, fir kënne Klappjuegten ënner Berécksiichtegung vun de sanitäre Sécherheetsvirschrëften duerchzeféieren an esou hirer Missioun, wéi se am Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 definéiert ass, kënne gerecht ze ginn. Stëmmt dës Informatioun a firwat ass d‘Regierung net op dës Propositioun vun der Jeeërfederatioun agaangen?

 

6.      D’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung seet weider an där uewen zitéierter Äntwert op déi drénglech parlamentaresch Fro N. 3210, datt, obwuel si d’Klappjuegte verbitt, d’Jeeër misste fir de Wëldschued no Artikel 36 vum Juegdgesetz opkommen. Den Artikel 44 vum Juegdgesetz gesäit awer vir, datt wann d’Juegd iwwert eng reglementaresch Dispositioun no Artikel 7 (3) vum Juegdgesetz („pour des raisons d’intérêt général“) verbueden oder ageschränkt ass, datt dann de Staat fir dee ganze Schued opkënnt, deen d’Resultat vun esou engem Verbuet oder Limitatioun ass. Firwat applizéiert d’Regierung dësen Artikel net och an dësem Fall?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                              Marc Spautz

Deputéiert                                                  Deputéierten

 

 

 

Zréck