Ass et virstellbar datt zu Lëtzebuerg, sou wéi an Däitschland, verschidde Beruffskategorien sech selwer testen dierfen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Déi däitsch Autoritéiten hunn haut ugekënnegt datt vu muer un d’Léierpersonal grad esou wéi d’Educatricen an Educateuren, no enger kuerzer Formatioun, Antigen-Schnelltester och dierfe bei sech selwer maachen. Bis elo hunn déi Tester misste vu medezinesch geschoultem Personal duerchgeféiert ginn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  1. Wier et virstellbar datt och zu Lëtzebuerg verschidde Beruffskategorien sech selwer testen dierfen?
  2. Wa jo, deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt et sënnvoll wier wann och d’Fleegepersonal aus den Altersheemer a vun de Reseauen sech dierft selwer testen, grad esou wéi d’Spidolspersonal?
  3. Wann nee, aus wéi enge Grënn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck