Wat sinn d’Grënn fir déi rezent Erhéijung vun der Opwandsentschiedegung pro Mount sou wéi de Jetons de présence, fir de Conseil vun der Coque? Ëm wéi vill sinn se eropgaang ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Opwandsentschiedegungen am Conseil vun der Coque un de Minister fir Sport weider ze leeden.

Onsen Informatiounen no sinn d’Opwandsentschiedegung pro Mount, souwéi d’Jetons de présence fir de Conseil vum Centre National Sportif et Culturel d’Coque rezent erhéicht ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann de Minister dës Informatioune bestätegen?
  2. Wann jo, wat sinn d’Grënn fir des Erhéijung?
  3. Wann jo, em wéi vill sinn Opwandsentschiedegung an Jetons de présence eropgaangen an op wiem seng Initiativ hin?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck