Kann d’Regierung matdeelen, ob och zu Lëtzebuerg säit dem Hierscht eng Baisse un Erkältungen, respektiv Otemweeerkrankungen festzestellen ass?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un de Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Laut engem Artikel vum 29. November 2020 an der „Frankfurter Allgemeine Sonntagszeitung“ hätt ee festgestallt, dass déi Däitsch sech säit dem Hierscht manner erkaalt hätten. Dëst kéint ob de Fait zeréckzeféieren sinn, datt een duerch d’Pandemie generell manner ënnert d’Leit geet an d’Geleeënheet sech unzestiechen soumat reduzéiert gëtt.

Deemno hunn déi däitsch Apdikten an Krankekeessversécherungen uginn datt den Emsaatz un Houscht- a Schnappmëttelen ëm ronn 40 Prozent erofgaangen ass par Rapport zum leschte Joer. Och konnt eng vun deene gréissten däitschen gesetzlechen Krankekeesen e Sechstel manner ageschriwwen Employéën déi opgrond vun Otemweeerkrankunge krankgeschriwwe sinn, registréieren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen, ob och zu Lëtzebuerg säit dem Hierscht eng Baisse un Erkältungen, respektiv Otemweeerkrankungen festzestellen ass?
  • Ass den Apdikten hiren Emsaatz un Houscht- a Schnappmëttelen zu Lëtzebuerg och erof gaangen? Wann jo, ëm wéi vill Prozent?
  • Konnt eis national Gesondheetskeess och eng Baisse vun den Employéë déi opgrond vun Otemweeerkrankungen krankgeschriwwe sinn/waren par Rapport zum lëschte Joer, feststellen? Wann jo, ëm wéi vill Prozent ass dës Zuel par Rapport zum lëschte Joer erofgaangen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck