Questions parlementaires

Ginn et den Ament Verspéidungen beim Verlängeren vu Führerschäiner ? Däerf eng Persoun, déi sech an der „Erneierungsprozedur“ vum Führerschäin befënnt, wou deen alen wärend der Prozedur awer ofleeft, fir eng Iwwergangsdauer weider mam Auto fueren ?

Kann d’Regierung eis d’Käschte vun der éischter Phas vun de Large Scale Tester matdeelen ? Bai der éischter Phas gouf den Optrag net ëffentlech ausgeschriwwen. Op Base vu wéi enge Krittäre sinn d’Laboratoire ausgewielt ginn, déi d’Large Scale Tester duerchgefouert hunn ?

Eng nei EU-Veruerdnung beseet datt en LKW-Fuerer deen a méi EU-Staate schafft an méi wéi 25 Prozent vu senger Aarbecht a sengem Wunnuert ausüübt, elo der Sozialversécherung vu sengem Land ënnerleit. Ass d’Regierung sech bewosst, dass dës Veruerdnung grouss finanziell Abéissen fir d’Fuerer mat sech bréngt ? Mam Wëssen datt mir schonn e Mangel un LKW-Fuerer hunn, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen vir dës Leit ze ënnerstëtzen ?

Lëtzebuerg mëscht vill méi Coronatester wéi all anert Land an ass domat an der Schwäiz ganz knapp als Zone à risque agestuuft. Wat mëscht eis Regierung fir d’Schwäizer Autoritéiten ze iwwerzeegen, datt si Lëtzebuerg net méi sollen wéi e Risikoland behandelen ?

E Stonneplang vir d’Schoul vun 8 bis 13 Auer ass fir verschidde Gemengen och no der Pandemie duerchaus eng valabel Optioun. Géif den Educatiounsminister sou ee Stonneplang, deen vun der Gemeng zesummen mam Schoulpresident, dem Schoulpersonal an den Elteren  ausgeschafft gouf an déi 28 Stonnen respektéiert, guttheeschen ?

Den Zouwuess u Gebuerten zu Lëtzebuerg brengt e Mangel un Hiewane mat sech. Fir wat wëllt d’Regierung net méi Hiewane forméieren?

Bis zum Enn vun der Vakanz stinn nach eng Partie Summerkolonien um Programm, eng Partie sinn och schonn eriwwer. Wéi gesäit et mat de positive Covid-19 Fäll an de Lëtzebuerger Summerkolonien aus?

D’EU gesäit vir ab dem 1. Januar 2021 Plastikoffall, dee net recycléiert gëtt, ze taxéieren. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg, seng Awunner a seng Betriber?

A punkto Large-Scale-Testing huet d’Gesondheetsministesch dem Luxembourg Institute of Health eng Derogatioun accordéiert an et esou dësem Institut erlaabt, déi sougenannten Pooling-Method ze applizéieren mat der Zilsetzung d’Testkapazitéiten ze erhéijen. Wéi effikass a sécher ass des Pooling-Method?

Bei eisem däitschen Noper ginn et mëttlerweil Blutttester déi bannent 10 Minutten uweisen, ob déi geteste Persoun Antikierper géint de Covid-19 Virus huet. Ginn et Iwwerleeungen och esou Tester hei zu Lëtzebuerg anzeféieren?