Ass d’Klappjuegd vum 10. Januar un erëm erlaabt an ënner wéi enge Konditiounen ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung an un Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.
Duerch déi bestoend Gesetzgebung fir COVID-Bekämpfung vum 24. Dezember 2020 ass Klappjuegd, déi vum der Regierung als “Fräizäitaktivitéit” klasséiert ginn ass, bis den 10. Januar 2021 verbueden.
Am neie Projet de loi deen déi aktuell COVID-Bestëmmunge soll änneren ass ënner anerem virgesinn Dispositioun iwwert « pratique d’activités récréatives » ze sträichen. Deemno wieren domadder d’Fräizäitaktivitéiten net méi spezifesch gereegelt an och de Verbuet vun der Klappjuegd erëm opgehuewen.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Kann Regierung confirméieren, dass mam neie Projet de loi fir COVID-Bekämpfung Klappjuegten ënner Berécksiichtegung vun de sanitäre Sécherheetsvirschrëften erëm erlaabt wäerte sinn?

Wa jo , no wei enge Reegele kann Klappjuegd erëm ausgeübt ginn?
Wann bis zu 10 Leit deel huelen ?
Wann méi wéi 10 Leit deel huelen – des awer a méi klengen Gruppen organiséiert op der Juegd sinn ?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Marc Spautz

Deputéiert

Zréck