Wéini ass an der Impfstrategie virgesinn datt d’Personal aus de Crèchen, de Maisons relais an de Schoule soll geimpft ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Déi aktuell disponibel Impfstoffer si bekanntlech just fir Mënsche vun engem Alter vu 16 resp. 18 Joer un gëeegent. Wann een d’Bevëlkerungszuele vum STATEC den Alterskategorien no kuckt, heescht dat datt am Total 113.040 Kanner a Jonker am Grand-Duché virleefeg net geimpft ginn. Dat si ronn 18% vun eiser Populatioun.

 

Momentan ass net gewosst wéini e Vaccin fir Kanner a Jonker wäert disponibel sinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéini ass an der Impfstrategie virgesinn datt d’Personal aus de Crèchen, de Maisons relais an de Schoule soll geimpft ginn?
  2. Vu que datt dës Leit jo da permanent Kanner a Jonker encadréieren déi net geimpft sinn, an evtl. esouguer mat den aktuelle Virus-Mutatioune méi ustiechend sinn, ginn et Iwwerleeungen dat concernéiert Personal prioritär ze impfen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Paul Schaaf                                 Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten                                       Deputéierten

Zréck