Fir wat ginn et am Norden an am Osten just nach jeeweils eng Teststatioun fir de Large Scale Testing ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Et muss ee feststellen net méi all Testzentre fir de Large Scale Testing vum COVID-19 op sinn. Esou ass jo Schieren säit November zou an duerch eng Statioun um Rouscht ersaat ginn. Am Moment kann een och kee Rendezvous méi fir en Test zu Jonglënster huelen. Dëst bedeit datt am Norden an am Osten jeeweils just nach een Testzentrum ass, zu Housen respektiv zu Meechtem/Gréiwemaacher.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Aus wéi enge Grënn goufe verschidden Teststatiounen zou gemaach?
  2. Fir wat ginn et am Norden an am Osten elo just nach jeeweils eng Teststatioun?
  3. Am November hat d’Madamm Minister ugekënnegt datt virgesi wier am Norden eng weider Large Scale Teststatioun anzeriichten. Wou soll déi hikommen a wéini wäert se opgoen?
  4. Wäert d’Teststatioun zu Jonglënster rëm opgoen? Wa jo, wéini?
  5. Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt dëst net wäert dozou féieren datt méi Leit sech teste loossen?
  6. Wéi séier kritt een am Moment e Rendezvous an de bestoenden Teststatiounen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert                                         Deputéiert

Zréck