Wéi ass d’Positioun vun der Regierung zu engem eventuellen Ausbau vun den Tanklageren zu Mäertert ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.
Nodeems et wärend enger Rei Joren Diskussioune gouf ëm den Ausbau vun den Tanklager am Mäerterter Hafen, war kuerz virun de Parlamentswalen 2018 vum deemolege Wirtschaftsminister ugekënnegt ginn, den Ausbau wier am Moment net néideg. Dës Decisioun gouf am Januar 2019 vun den zoustännege Ministere fir Wirtschaft, Ekonomie, Ëmwelt, Aarbecht an Energie bestätegt, mam Argument datt mir eis europäesch Obligatiounen am Beräich vun enger Pëtrols-Reserve géifen erfëllen.
Rezent huet den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der honorabeler Deputéiert Octavie Modert drop higedeit datt hien en Faveur vun engem Ausbau vun den Tanklageren am Mäerterter Hafe wier.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Wéi sinn dem Här Minister seng Aussoen a punkto Ausbau vun den Tanklageren am Hafen ze verstoen?
Wat ass d’Positioun vun der Regierung zu dësem Thema?
Gëtt et eng Ännerung par Rapport zu Situatioun vun 2019 wat eis europäesch Obligatiounen ugeet?
Wier esou en Ausbau am Aklang mat der Positioun vun der Regierung par Rapport zu de fossillen Energien?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden
Deputéierten

Zréck