Questions parlementaires

Affair vun der Unité Spéciale de la Police (USP) vun 2015 : Gëtt et wierklech eng Ongewëssheet vun Transparenz?

Projet vun der neier N3 : Wat bedeiten d’Aarbechten fir Anrainer, Sportsveräiner an d’Emwelt um Houwald, zu Bouneweg a Gaasperech?

Drastesch steigend Zuelen bäi de jonke Fëmmerten. Wat ënnerhëlt d’Regierung fir géint den Tubakskonsum bäi deene Jonken ze sensibiliséieren ?

Wéi eng Formatioune kritt d’CFL Personal ugebuede fir besser op d’Besoine vu de Passagéier anzegoen? Gëtt d’Personal systematesch drop higewisen z.B. Passagéier mat reduzéierter Mobilitéit oder Famille mat Kanner, do wou kee Lift ass, unzepaken?

Rezent huet de Finanzministère decidéiert, déi al Büroe vun Deloitte op der Kalchesbréck ze lounen. Wéi vill bezuelen si duerfir ? Zu wéi enge Konditiounen ? A gouf an deem Kontext e Virkafsrecht ausgehandelt ?

Stëmmt et dass d’Fäerdegstellen vum Bau vum Contournement vun Dippech bis 2024 dauere wäert ?

Profitéiert Fage vu steierlechen Avantagen zu Lëtzebuerg ? Huet den Här Finanzminister der Vente vum Terrain zougestëmmt ?

D’Sécherheetslag am Mali riskéiert sech ze verschlëmmeren. Wéi vill Persounen vu Lëtzebuerger ONGen befannen sech aktuell an der Regioun a wéi garantéiert d’Regierung d’Sécherheet vun deene Leit op der Plaz ? Ass séchergestallt, dass dës Persounen jee no Entwécklung vun der Situatioun direkt rapatriéiert kënne ginn?

Stëmmt et datt op verschiddenen Desinfizéierproduiten fir d’Hänn Informatiounen iwwert d’Effikassitéit baim Coronavirus feelen ?

Wat ass d’Positioun vun der Justizministesch zum Audit iwwert d’Dateveraarbechtung an der Justiz ?