Huet den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weider Informatiounen zu de Beschëllegunge géint verschidde Beamte vu FRONTEX ?

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dréngend parlamentaresch Fro betreffend deene rezente Virwërf géint Frontex un den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.

A menger parlamentarescher Fro vum 29. Oktober 2020 betreffend deene rezente Virwërf géint Frontex an déi sougenannte „Pushbacks“ verwéckelt ze sinn, huet den Här Ausseminister eis matgedeelt datt op Ufro vun der Presidentin vun der Europäescher Commissioun, eng extraordinaire Réunioun vum Verwaltungsrot vun der Agence fir den 10. November 2020 aberuff gouf. Lëtzebuerg wier op dëser Reunioun representéiert gewiescht fir iwwert de Stand vun den Enquêten informéiert ze ginn.

Vue datt an der Tëschenzäit  den OLAF (office européen de lutte antifraude) géint Frontex enquêtéiert, well ech folgend Froen un den Här Ausseminister stellen:

  • Wat gouf op der Reunioun vum 10.November beschwat respektiv decidéiert?
  • Huet den Här Minister weider Informatiounen zu de Beschëllegunge géint verschidde Beamte vu FRONTEX ?
  • Huet Lëtzebuerg – an der Vergaangenheet oder elo rezent – Beamte fir Frontex ofgestallt ?

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck