Ass no Meenung vun der Madamm Ministesch de Rayon vum Osten an Süd-Oste vum Land an de Süde vun der Haaptstad gutt iwwert de SAMU Luxembourg 2 ofgedeckt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum SAMU Luxembourg 2 un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

De SAMU Luxembourg 2 ass zënter dem 1. Juli 2019 am neie CIS Hesper stationéiert. Dëse leit geographesch gesi gutt fir den Osten an de Süd-Oste vum Land an awer och de Süde vun der Stad Lëtzebuerg ofzedecken. No 18 Méint wär et un der Zäit fir eng Bilanz ze zéien iwwert d’Integratioun vum SAMU an de CIS Hesper an awer och wéi d’Aarbecht um Terrain funktionéiert.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéi gestalte sech d’Fuerzäiten op déi jeeweileg Asätz?
  • Ass no Meenung vun der Madamm Ministesch de Rayon vum Osten an Süd-Oste vum Land an de Süde vun der Haaptstad gutt iwwert de SAMU Luxembourg 2 ofgedeckt?
  • Wéi gesäit d’Madamm Ministesch d’Integratioun an d’Zesummenaarbecht ënnert de jeeweilegen Acteuren am CIS Hesper?
  • Ass sécher gestallt, dass de SAMU Luxembourg 2 och no der Fäerdegstellung vum CNIS am CIS zu Hesper bleift?
  • Wann jo, wat huet den Ausschlag gi fir dës Decisioun ze huelen? Wann nee, wéi eng Erklärung gëtt et fir dës Decisioun?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck