Plangt d’Regierung an deenen nächste Joren di steigend CO2 Steier duerch weider Mesurë sozial auszegläichen? Wann jo, wéi eng?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : QP 3179

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de sozialen Impakter vun der CO2-Steier un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

D’Regierung wäert am Kader vum Plan national intégré en matière d’énergie et de climat (PNEC) eng CO2 Steier aféieren. Dobäi ass et fir ons essentiell, dass sou eng Steier sozial ausgeglach gëtt fir datt di akommesschwaach Stied net benodeelegt oder zousätzlech belaascht ginn. Weider ass et fir d’Akzeptanz vun sou enger Steier zentral, dass d’Regressivitéit ofgefiedert gëtt. Zu Lëtzebuerg soll di sozial Offidderungen iwwert de Crédit d’Impôt an d’Allocation de Vie chère geschéien. Studie weisen awer dorobber hin, dass net nëmmen d’Akommes, mee och de benotzen Heizstoff, de Besetz vun engem Auto, an d‘Wunnplatz (Staat-Land) relevant Aspekter sinn, di d’sozial Impakter vun enger CO2 Steier beaflossen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung Berechnungen oder Simulatiounen duerchgefouert fir di sozial Impakter vun der CO2 Steier fir d’Period 2021-2023 kennen ze chiffréieren?
  • Huet oder erhiewt de Staat oder eng aner Organisatioun, wéi de STATEC, Donnéeë fir den Effekt vun de sozialen Ausgläichsmoossnamen (d.h. dem Crédit d’Impôt an der Allocation de Vie chère) op d’finanziell Situatioun vun de Leit, ofhängeg vum Wunnuert, dem Aarbechtswee, dem Heizstoff, etc. ze berechnen?
  • Wann jo, wäert d’Regierung dësen Donnéeë bei der Gestaltung vu sozialen Ausgläichsmoossnamen an Zukunft Rechnung droen?
  • Plangt d’Regierung an deenen nächste Joren di steigend CO2 Steier duerch weider Mesurë sozial auszegläichen? Wann jo, wéi eng?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                                                          Jean-Paul Schaaf

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck