D’Zukunft vun de Fitnesszentere steet um Spill. Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuelen a wéi steet se zum Konzept dat d’Bedreiwer vun den Zenteren ausgeschafft hu fir a Sécherheet ze trainéieren.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Fitnesszenteren an der Corona-Kris un de Minister fir Sport an de Mëttelstandsminister weider ze leeden.

Momentan däerfen an de Fitnesszenteren 1 Member pro 30 Metercarré trainéieren, sech awer maximal nëmme bis zu 10 Leit (Personal inclus) an engem Zenter ophalen. Domadder ginn d’Reegelen, di fir den Sport gëllen, an den Fitnesszenteren ugewannt och wann si als Commerce dem Mëttelstandsministère ënnerstinn. Vue dass d’Faillitten an noer Zukunft bei dem Weiderbestoen vun den momentanen Reegelen net kënnen ausgeschloss sinn, hunn d‘ Bedreiwer vun den Fitnesszenteren en Konzept ausgeschafft fir dass méi Leit an Sécherheet gläichzäiteg kennen trainéieren. Dëst Konzept huet FLDF och un den Mëttelstandsminister weider geleet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi eng Positioun hunn d‘Ministeren zum Konzept vun FLDF?
Stinn d‘Ministeren an reegelméissegem Kontakt mat den Vertrieder vun den Fitnesszenteren?
Wéi vill Faillitten vun Fitnesszenteren gouf et an deenen leschten 12 Méint?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck