Questions parlementaires

Kann d’Regierung eis informéieren, ob d’Danzschoulen mussen zou hunn oder ob dës ënnert deenen am Gesetz virgesinnen Oplagen dierfen Presenzkueren organiséieren ?

Wäerten d’Accusatiounen déi besoen datt Amazon den Dateschutz net respektéiert zu enger Enquête vun der CNPD féieren ?

Aus wéi engem Grond ass déi onofhängeg Kommissioun, déi sollt tranchéiere wann et bei Leit net evident wier, ob si eng Adapto-Kaart bräichten oder net, nach net en Place ?

Kann d’Regierung eis Informatiounen ginn iwwert d’Clusteren déi säit dem Ufank vun der Pandemie, an den Alters- a Fleegeheimer opkomm sinn a méi Doudesfäll mat sech bruecht hunn ?

Wéi vill Persounen profitéieren vun der Wanteraktioun a wéi steet et ëm hiren mentalen Zoustand ?

Aus wéi engem Grond kritt d’Personal aus de Spideeler, dat sech retrospektiv elo awer well impfen loossen, respektiv dat rezent réischt agestallt ginn ass, e Refus direkt geimpft ze ginn an muss waarden bis et erëm un den Tour kënnt ?

Wéi huet den ‘apprentissage transfrontalier’ an de leschte Joren evoluéiert a wéi gesäit d’Finanzéierung dovunner aus ?

Schüler déi an hire Lycéeë praktesch Coursen an Atelieren hunn, kënnen dës wéinst der sanitärer Kris an den A/B Klassen net gutt suivéieren. Wat gëtt hei gemaach fir dësem Problem entgéint ze wierken ?

Wéi vill Prozent vun de Leit déi am “Hëllef Doheem” Secteur schaffe si geimpft ginn ?

Kënnen d’Ministeren eis soen, wéi vill Persounen, déi déi lescht Joren aus dem Prisong vu Schraasseg entlooss goufen, eng Iwwernuechtungsoffer gemaach kritt hunn?