Op Basis vu wéi engen Argumenter ass d‘Decisioun geholl ginn, fir wärend engem lafenden Ausbildungszyklus de Schüler de fräie Choix tëscht Däitsch a Franséisch ze huelen an hinne Franséisch fir d‘Prüfungen z’imposéieren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden. 

An engem Avis wonnert sech d’“Conférence nationale des élèves du Luxembourg“ (CNEL) driwwer, dass een an de GSO-Klassen an den Haaptfächer „Connaissance du monde contemporain“ a „Psychologie-Communication“ an Zukunft net méi op Däitsch oder op Franséisch an de Prüfungen äntweren dierf. Dat wier awer bis elo vu Quatrième u fir d’Schüler üblech gewiescht, heescht et weider. Dëse Choix soll vun der Rentrée 2021/2022 un ewech falen. D‘Schüler dierfen da just nach op  Franséisch äntweren.

Virum Hannergrond vun dësem Changement wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass déi concernéiert Schüler an Zukunft net méi op Däitsch oder op Franséisch an de Prüfungen äntweren dierfen? Op Basis vu wéi engem Reglement war dat bis elo méiglech? 
  • Wa jo, op Basis vu wéi engen Argumenter ass d‘Decisioun geholl ginn, fir wärend engem lafenden Ausbildungszyklus de Schüler de fräie Choix tëscht Däitsch a Franséisch ze huelen an hinne Franséisch fir d‘Prüfungen z’imposéieren? 
  • Mat wéi engen Instanzen ass sech am Kader vum Decisiounsprozess concertéiert ginn? 
  • Wéi eng Mesuren gedenkt den Här Minister en Place ze setze fir de Fall, wou Schüler duerch d’Imposéiere vu just nach enger Sprooch fir d’Prüfunge benodeelegt wieren? 
  • Wéi reagéiert den Här Minister op d’Kriticken an d’Fuerderungen vun der CNEL? 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Fraktiounspresidentin 

Zréck