Deelt d’Regierung d’Meenung datt et absolut noutwendeg ass datt Accorden ausgehandelt ginn, och fir d’Arees vun EU-Awunner an Drëttlänner ze erméiglechen unhand vum EU-Certificat?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un den Här Ausseminister weider ze leeden.

Mamm Aféiere vum gréngen EU-Covid Certificat, stellt sech d’Fro wéi eng Reegelen an Zukunft mat Drëttstaaten wéi Groussbritannien, den USA oder Kanada gëllen. Heivu concernéiert sinn nieft Leit déi wéinst eise wirtschaftleche Relatioune mat Drëttstaaten an de Grand-Duché areese fir hei ze schaffen, och eng ganz Rei Studenten. Am Kader vun der Finanzplaz ass et och esou datt eng ganz Rei Leit e puermol an der Woch Aller-Retour tëscht London a Lëtzebuerg fléien.  Eisen Informatiounen no lafen Demarchen op EU-Niveau bilateral Accorde mat enger Rei Länner auszehandelen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Regierung um Lafenden iwwer d’Demarchë vun der EU-Kommissioun? Wa jo, ginn et evtl. éischt Resultater?
  2. Deelt d’Regierung d’Meenung datt et absolut noutwendeg ass datt Accorden ausgehandelt ginn, och fir d’Arees vun EU-Awunner an Drëttlänner ze erméiglechen unhand vum EU-Certificat?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

  

Laurent Mosar Claude Wiseler

Deputéiert     Deputéierten    

Zréck