Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 109 Questions parlementaires 31 Mee '21 Wat hält d’Regierung vum éisträichesche Projet «Alles gurgelt», mat deem jiddereen, deen zu Wien wunnt a schafft d’Méiglechkeet kritt sech Doheem via en PCR-Gurgeltest gratis op de Covid-19 ze testen ? 27 Mee '21 Wëssend datt d’EU Sanktiounen géint Belarus verhaangen huet vir dësen inakzeptabelen Akt ze contréieren, wat gëtt genau ënnerholl vir d’Liberatioun vum Roman Protasevich ? 27 Mee '21 Ass d’Lëtzebuerger Regierung der Meenung, datt de palestinensesch islamistesche Grupp Hamas eng Terrororganisatioun ass ? 27 Mee '21 Virum Hannergrond vun dësen Meenungsdivergenzen wat d’Grondsteier betrëfft, kann den Här Premierminister eis informéieren wat elo am steierpoliteschen Beräich geschitt ? 26 Mee '21 Firwat gëtt et an de Museksschoulen um Gemengenniveau keen “Projet d’accueil individualisé” ? 25 Mee '21 Déi rezent Hausse vun Ustiechungen mam Covid-19 am Sportslycée, ass op e puer positiv Fäll an enger Sportsdisziplin zréckzeféieren. Kann d’Regierung matdeelen em wéi eng Sportsdisziplin an em wéi vill Fäll et sech heibäi handelt ? 21 Mee '21 Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zu enger signifikanter Reduktioun vun der Offer vu Kuerzstreckeflich ? 21 Mee '21 Ass Regierung gewellt den Ubau vu Cannabis fir medezineschem Zwecker hei am Land zouzeloossen a Produktioun ze ënnerstëtzen? 21 Mee '21 Fierwat gedenkt de Minister net och fir op lokal Ubidder aus Lëtzebuerg mat lokale Produiten zeréckzegräife fir d’Flüchtlingsstrukture mat Liewensmëttel ze beliwweren? Wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung? 21 Mee '21 D’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun an dat Europäescht Parlament hunn sech op ee Covid-19-Zertifikat gëeenegt. Wéi gedenkt d’Regierung innepolitesch op déi europäesch Eenegung ze reagéieren? Wéi gesinn déi konkret Mesuren an d’Zäitrumm an dem Kontext aus? 106107108109110111112