Ass den Här Minister net der Meenung datt och de privaten Investisseur verstäerkt an d’Schaffe vu soziale Mietwunnenge misst mat agebonne ginn? Wei soll dëst geschéien?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister an un d‘Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weider ze leeden.

Den Undeel vun der Pai dee Locatairën a Proprietäre vu Wunnenge musse virgesi fir hir Wunneng ze bezuelen ass an de leschte Jore konstant an d’Luucht gaangen. Aus der Note 27 vum Oktober 2021 vum Observatoire de l’Habitat geet ervir, dass de sougenannten « taux d’effort » fir Locatairë vun 2016 op 2019 vun 31 Prozent op 37 Prozent geklommen ass. Fir Proprietären déi hier Wunneng iwwert e Prêt bezuele läit den «taux d’effort» bei 29,5%. Des Zuelen si staark Indizien, dass Lëtzebuerg méi wei sécher am gaangen ass an eng sozial Kris eranzesteieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen:

  • Wei gesäit den Här Wunnengsbauminister den imminente Risk vun enger Sozialkris zu Lëtzebuerg a wéi gedenkt de Ministère heirop ze reagéieren?
  • Ass den Här Minister net der Meenung datt och de privaten Investisseur verstäerkt an d’Schaffe vu soziale Mietwunnenge misst mat agebonne ginn? Wei soll dëst geschéien?
  • Ass Madamm Minister bereet fir eng Evaluatioun vum Gesetz iwwert d’Offices Sociaux duerchzeféiere respektiv ass Madamm Minister bereet fir kuerzfristeg dëst Gesetz der aktueller prekärer Situatioun um Wunnengsmaart unzepassen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck