Wou a wéini waren déi verschidde Rettungskräften vum CGDIS – fräiwëlleger an haaptamtlecher – de 14. a 15. Juli am Asaz?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

An der Äntwert vum 6. Oktober op meng parlamentaresch Fro (Nr. 4778) vum 30. Juli zu den Asätz vum CGDIS am Kader vun der Iwwerschwemmungskatastroph vum 14. a 15. Juli  goufen net all Punkten zefriddestellend beäntwert. An deem Kontext wéilt ech nach eng Kéier drop agoen a folgend Fro un d’Madamm Inneministesch stellen :

  • Wou a wéini waren déi verschidde Rettungskräften vum CGDIS – fräiwëlleger an haaptamtlecher – de 14. a 15. Juli am Asaz? Kann d’Madamm Inneministesch en detailléierten Tableau opstellen, aus deem kloer ervirgeet, wéi een Zenter wéini wou gehollef huet: opgeschlësselt no Zenter, Zäitpunkt an Asazuert.

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Gilles Roth

Co-Fraktiounspresident

Zréck