Wéivill Ëmfroen huet d’Regierung vun 2017 un an Optrag ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister weiderzeleeden.

Fir d’Positioun vun der Populatioun zu engem bestëmmten Thema zu engem bestëmmten Zäit méiglechst genau kënnen anzeschätzen, notzt d’Regierung reegelméisseg d’Instrument vun enger Ëmfro.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Staatsminister stellen :

  • Wéivill Ëmfroen huet d’Regierung vun 2017 un an Optrag ginn?
  • Kann den Här Staatsminister eis eng detailléiert Opstellung vun dëse Sondagen zoukomme loossen, opgeschlësselt no Sujet, Zäitpunkt, Präis an Institut, dat mam Duerchféiere vun der Ëmfro beoptragt war?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                Gilles Roth

Co-Fraktiounspresidentin                                              Co-Fraktiounspresident

Zréck