Questions parlementaires

Huet d’Regierung wëlles de Gemenge ronderëm de Stau finanziell ze hëllefe fir Sëcherheet a Propretéit ze garantéieren, wëssend dat de Stau als Drénkwaasserreservoir an Noerhuelungsgebitt mat senge Plage vu nationaler Bedeitung ass ?

Kann d’Madamm Ministesch eis matdeelen firwat Lëtzebuerg seng delegéierte Procureuren fir den europäesche Parquet nach net genannt huet ?

Sollen d’Klassen och nach no der Fuesvakanz an A/B Gruppen weiderfunktionnéieren?

Vu dass d’Recetten sech net sou schlecht entwéckelt hunn wéi virausgesi gi war, kënnen d’Gemengen am Decompte 2020 mat méi engem héije Betrag rechnen ? Ginn d’Avancë fir 2021 eventuell ugepasst?

Deelt d’Regierung d’Meenung datt d’Fluggesellschaft all Client misst en Test fir de Retour garantéieren, och virum Hannergrond datt am Moment vill Leit hir Tickets scho virun der Ukënnegung vun den Areesbestëmmunge gebucht hunn?

Huet d’Regierung vun den Zoustänn an de sougenannten chineseschen Ëmerzéiungslageren Kenntnis geholl a gedenkt d’Regierung op d’Situatioun anzewierken?

Ass och zu Lëtzebuerg virgesinn Tester fir de Privatgebrauch zouzeloossen?

Ginn d’Masken erof op 3 % TVA?

Stëmmt et datt verschidden Direkteren am Primär hirem Léierpersonal recommandéiert hunn net méi WhatsApp ze benotzen fir d’Donnéeë besser ze schützen ?

D’Europäesch Kommissioun diskutéiert doriwwer eng Limitt vun 10.000 Euro bäi Boerbezuelungen ze fixéieren an dat an alle Memberlänner. Wéi ass d’Positioun vun der Regierung fir zu Lëtzebuerg sou eng Limitt anzeféieren ?