Wat ass an de leschte Jore konkret ënnerholl gi fir d’Waardezäiten an der Kannerklinik ze reduzéieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’Waardezäiten an der Kannerklinik si jo schonn zanter enger Rei Joren ëmmer erëm en Thema. Trotz diverser Ukënnegungen ass et, den Aussoe vu ville concernéierten Elteren no, nach net wierklech zu Verbesserunge komm. Eisen Informatiounen no ass awer e weidere Probleem, datt wa Kanner, no den Urgencë weider Traitementer brauchen, dann ënner Ëmstänn ganz laang op e Rendezvous bei engem Spezialist musse waarden.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsminister stellen:

  1. Wat ass an de leschte Jore konkret ënnerholl gi fir d’Waardezäiten an der Kannerklinik ze reduzéieren ?
  2. Wëssend datt et nach net zu enger wesentlecher Verbesserung komm ass, wat fir eng weider Mesuren si virgesinn ?
  3. Wéi vill Dokteren hei am Land sinn an hire jeeweilege Fachgebidder zousätzlech an der Pediatrie forméiert an exerzéieren och an der Pediatrie vun engem Spidol ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

  

Marc Spautz Georges Mischo  

  Deputéierten Deputéierten

Zréck