Stëmmt et datt et um Virowend vum Nationalfeierdag e gréissere Problem mat den Noutruffnummeren 112 an 113 wéinst engem Update vum Informatiksystem gouf ? Wéi ass et méiglech datt esou en Update op engem Virowend vum Nationalfeierdag stattfënnt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no gouf et um Virowend vum Nationalfeierdag e gréissere Problem mat den Noutruffnummeren 112 an 113. Den Einsatzleitsystem Renita war wuel wärend Stonnen net operationell. Bedéngt duerch een Update vum Informatiksystem vun der Police wier den 113 net erreechbar gewiescht an all Uriff wieren op den 112 deviéiert ginn. Well et hei zu Iwwerlaaschtunge koum, sinn anscheinend och Appellen op Funk a Privat-Handye geleet ginn.

Virun dësem Hannergrond géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kënnen d‘Ministeren dës Informatioune bestätegen?
  2. Wa jo, war dësen Update geplangt?
  3. Wa jo, wéi ass et méiglech datt esou en Update op engem Virowend vum Nationalfeierdag stattfënnt?
  4. Wann nee, wat waren d’Ursaache vum Update?
  5. Wéi vill Uriff vum 113 goufen op den 112 deviéiert?
  6. Waren d’Responsabel vum 112 informéiert iwwer den Update a goufen am Virfeld Precautioune geholl?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies                                 Léon Gloden                      Laurent Mosar

Deputéierten                          Deputéierten                     Deputéierten

Zréck