Den Entlaaschtungs-Pak. Mir halen eis Verspriechen.

Lëtzebuergesch Versioun English version Version française

 

D’lescht Joer huet déi nei CSV-DP Regierung eng ganz Rei Verspriechen ëmgesat. Mir hunn:

  • D’Kafkraaft gestäerkt duerch Steiererliichterunge fir all d’Leit.
  • Déi Jonk ënnerstëtzt duerch finanziell Hëllefe fir Éischtkeefer a Jonker, déi ufänke mat schaffen.
  • Schwong an de Wunnengsbau bruecht duerch steierlech Moossnamen a vereinfacht Prozedure fir méi a méi séier ze bauen.
  • D’Wirtschaft relancéiert duerch ee méi attraktive Kader.
  • D’Sécherheet gestäerkt duerch méi Polizisten a lokal Police-Unitéiten.
  • D’Aarmut bekämpft duerch geziilten Erhéijunge vu sozialen Hëllefen an d’Vereinfachung vu Prozeduren. 2025 schaffe mir weider an Ärem Intérêt.

Ech wënschen Iech vu ganzem Häerz all Guddes fir dat neit Joer!

Luc Frieden
Premierminister & Parteipresident


DEN ENTLAASCHTUNGSPAK.

D’Steiertabell gëtt nach eng Kéier ugepasst. Ëm weider 2,5 Indextranchen op den 1. Januar 2025. No scho 4 Indextranchen op den 1. Januar 2024. Am Ganze sinn domat 6,5 vun 8 Indextranchen ausgeglach. Eng zolidd Entlaaschtung fir Jiddereen.

Elengerzéier, Wittleit a Leit iwwer 64 Joer an der Steierklass 1a ginn zousätzlech entlaascht. De Montant vun der steierbefreiter Tranche geet erop an d’Berechnungsformel gëtt ugepasst.

Fir Elengerzéier geet doriwwer eraus de maximale Steierkredit ëm knapp 1.000 Euro an d’Luucht. Kuerz gesot: eng elengerzéiend Famill bezilt bis zu engem Brutto-Loun vun 52.400 Euro keng Steiere méi.

Déi eege Wunneng gëtt ënnerstëtzt. Beim Kaf vun enger bestoender Wunneng kënnen d’Scholdzënsen:

  • fir d’Steierjoren 2024 an 2025 integral ofgesat ginn,
  • duerno véier Joer laang bis zu 4.000 Euro pro
    Persoun am Stot,
  • déi fënnef Joer duerno bis zu 3.000 Euro pro
    Persoun am Stot,
  • doriwwer eraus bis zu 2.000 Euro pro Persoun
    am Stot d’Joer.

De Steierofschlag fir Kanner, déi net am Stot vum Steierzueler liewen, geet ëm ronn 1.000 Euro an d’Luucht.

Den net qualifizéierte Mindestloun gëtt gehéicht an e gëtt fir déi éischte Kéier an alle Steierklasse steierfräi. Historesch.

“Den Entlaaschtungs-Pak ass een Invest a Leit a Betriber. Een Invest an den Zesummenhalt vum Land. Een Invest an eng Zukunft fir Jiddereen.”

Gilles Roth
Finanzminister


MÉI HËLLEFEN.

D’Energieprimm gëtt fir déi aktuell Beneficiairë verdräifacht:

  • Een 1-Persoune-Stot ka bis zu 600 Euro kréien
  • Een 2-Persounen-Stot bis zu 750 Euro
  • Ee Stot mat 4 Persoune ka bis zu 1.050 Euro kréien.

D’Allocation de vie chère gëtt ëm 10 Prozent gehéicht: D’Persounen, déi se ze gutt hunn, kréien se automatesch ausbezuelt ouni eng Demande mussen ze stellen. Dat gëllt och fir d’Energieprimm.

D’Altersheemer kréien een Deel Energiekäschte kompenséiert: Domat gëtt garantéiert, dass d’Präisser an den Altersheemer stabel bleiwen.

“Eng staark Wirtschaft ouni staarke Sozialstaat kann net funktionéieren. Als CSV-Fraktioun begréisse mir dës Entlaaschtung am Portmonnie vun de Leit.”

Marc Spautz
Fraktiounspresident