Positiven Aarbechtsbilan, grouss Erausfuerderungen fir d’Zukunft

De Claude Clemes, President vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit, zitt am Virfeld vum CSG-Nationalkongress e positive Bilan vun der Aarbecht vum leschte Joer. Et hätt een an der CSG vill geschafft an et hätt een sech dann natierlech och iwwert déi gutt Resultater fir d’CSV bäi de Gemengewahle gefreet. Mat der wichteger Reform vun de Rettungsdéngschter, mat de PAG an de Plans sectoriels stinn awer weider grouss Erausfuerderunge grad och fir d’Gemengen un.